Éischte Cross vun der Saison !

De 14. November ass zu Rodange fir d’Leefer déi laang erseente Cross Saison ugaangen. Et waren direkt eng Partie Diddelenger an ënnerschiddleche Kategorien am Asaz.
Ervir hiewe wëlle mer op dëser Plaz de gudde Start an d’Saison vum Sven Remakel (SenM) a vum Pol Stoffel (U18), déi an hire jeeweilege Kategorien den Drëtte gi sinn.
De Sven ass seng 6,53 Kilometer an enger Zäit vu 24:06 Minutte gelaf, wärend de Pol d’Arrivée no 2,78km an 10:02 Minutten erreecht huet.