Ereignisräiche Laf- a Worfweekend

Souwuel fir eis Leefer, wéi och fir eis Werfer stoungen de Weekend zwee Rendez-vous’en un.
D’Nadine Kremer an de Gilles Lorang ware Samschdes zu Zéisseng a Sonndes zu Zoufftgen am Asaz.
D’Nadine steigert seng SB am Hummer op 47m85 a kennt mat 15m27 am Gewiicht och no u säi Landesrekord run, deen hat am Mäerz opgestallt huet.
Beim Gilles koumen 44m98 am Hummer an eng Punktlandung vun 12m am Gewiicht eraus.

Parallel waren eis Leefer um Championnat longues distances (Samschdes) an um DKV Urban Trail (Sonndes) ënnerwee.
D’Laura Grober koum no 41:32,62 Minutten no 10km an d’Zil a séchert sech domat eng 3t Plaz bei de Fraen.
De Kelvin Bertold war an 9:08,72 Minuten de séierste Junior iwwer 3km an ass domat Champion de Luxembourg.

Sonndes waren eng Partie Leefer op ënnerschiddlechen Distanze beim DKV Urban Trail an der Stad ënnerwee. Hir Resultater fannt dir hei.

Dëse Weekend gerascht huet de Yannick Frantz, nodeem hien an der Ouschtervakanz zu Berlin de Semi Marathon matgelaf war. Do war hien an 1:33:35 an d’Zil gelaf.