NEIE LANDESREKORD DURCH DEN OLIVIER BOUSSONG AN DER 4X100 STAFFEL
Bei den «European Team Championships» zu Varazdin a Kroatien huet den Olivier Boussong, Athlet a Komiteesmember vum CAD, zesumme mam Lionel Evora Delgado, dem Pol Bidaine an dem François Grailet e neie Lëtzebuerger Rekord mat der 4x100m Staffel opgestallt. An der Zäit vun 41“28 hunn si den ale Rekord vun 1979, bei deem ënnert aneren och den CAD-Athlet Roland Bombardella bedeelegt war, verbessert.