Fare Well Meeting um Kennedys Terrain
Leschte Weekend war eng lass zu Diddeleng.
Samschdes hu mir e Challenge Tageblatt kombinéiert mat de Championnats longues distances organiséiert a Sonndes eise Meeting ouvert drugehaangen. Bei exzellentem Fréijoers Wieder hu mir de Weekend komplett ausgenotzt, ier elo d’Aarbechten um Terrain ab Mee ufänken.
Den Highlight vun dësem chargéierte Weekend waren d‘3000m Steeple. Am Alleingang, mee mat ville Supporter ronderëm d’Lafbunn, ass d’Liz Weiler an 11:17,53 Minutten d’Norm fir d’Spiller vun de klenge Länner gelaf. Mir felicitéiere fir dëse Leeschtung!
Och ausserhalb vum Kennedys Terrain waren eis Athletinnen an Athleten aktiv.
Samschdes waren d’Isabeau (48m98) an d’Nadine (48m63) ob Dampicourt Hummerwerfen, a Sonndes sinn eng Réi Leefer um DKV Urban Trail matgelaf.
All d‘Resultater fannt dir hei:
Challenge Tageblatt
Championnats longues distances
Meeting ouvert
DKV Urban Trail