Generalversammlung 2020 vum CAD

D’Generalversammlung 2020 vum CA Diddeleng gouf de Sonndeg 3. Oktober 2021 am groussen Sëtzungssall am Gewerkschaftsheim zu Diddeleng virun ronn 30 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht ofgehalen. Opgrond vun den aktuellen sanitären Restriktiounen gouf d’Generalversammlung méi spéit wéi normal ofgehalen, an se gouf am CovidCheck-Modus organiséiert.

D’CAD-Presidentin Josée Lorsché huet d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. Verschidden Aktivitéits a Keeseberichter goufen vum Marie-France Saeul, Jean Lorang an Olivier Boussong virgedroen. Den CAD-Vizepresident Fabio Secci huet och d’Federatioun vertrueden, an huet déi gutt Zesummenaarbecht mat der FLA ënnerstrach.

De Sportschäffen Loris Spina huet dono déi aktuell, komplizéiert, Situatioun em d’Indoorhal erkläert, déi soll an de bestoenden Kennedy-Stadion soll integréiert ginn. No der Ried goufen e puer interessant Froen diskutéiert.

D’Zesummesetzung vum Comité huet sech geännert. De Jean-Claude Wallenborn gouf zum Techneschen Direkter ernannt, an de Claude Schaeffer an d’Simone Legil iwwerhuelen de Posten vum Sekretär vum Jean Lorang.

Zwee Athleten, déi present waren, goufen fir speziell Meritten ernimmt: den Tom Habscheid, dee kierzlech säi sportlechen Récktrëtt bekannt ginn huet, an d’Noémie Pleimling.