Haard Trail 2021

11. Haard Trail

 

Informatiounen zur Course

Datum: Samschdes, 16. Oktober 2021

Start: 15:00

Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien

Distanz: 15 km laangen, hiwwelegen Parcours queesch duerch de Naturpark Haard

Vestiairen a Sekretariat: Centre Sportif Annexe Alliance Sportshal

Covid: Wéinst den aktuelle Restriktiounen gi speziell Moossnamen ergraff. Esou gi nëmmen Virumeldungen ugeholl. D’Course gëtt als CovidCheck Evenement organiséiert, dat heescht datt nëmme Lefer mat engem gültegen CovidCheck Zertifikat däerfen deelhuelen. Falls noutwänneg, kann en Antigen Schnelltest op der Plaz gemaach ginn géint en Oppräis vun 3€ fir däerfen mat ze maachen. Bei der Virumeldung muss de Leefer de Sécherheetsmoossnamen zoustëmmen. Gläichzäiteg engagéiert de Leefer sech datt en sech zeréck zitt falls en um Dag vun der Course Féiwer oder Symptomer huet. Den Organisateur weist all Responsabilitéit vun sech am Fall vun enger retracéierter Ustiechung wärend der Course.

Zäitnam: Mat engem Ewee-Chip deen am Dossard integréiert ass.

Tariffer: Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement oder iwwert eng Online-Umeldung vum 15. September bis spéitstens de 6. Oktober 2021 era komm ass: 10 EUR
Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement oder iwwert eng Online-Umeldung nom 7. Oktober a virum 13. Oktober 2021 era komm ass: 12 EUR
Nomeldungen si wéinst de Covid-Restriktiounen leider net méiglech. Antigen Schnelltester, falls noutwänneg, gi géint en Oppräis vun 3 EUR gemaach.
Däer sidd gebieden Är Virumeldung online oder per Virement op ee vun de Bankkonten z’iwwerweisen.

Bankkonten: BGLL LU52 0030 1182 4440 1000 a BCEE LU57 0019 7000 0333 9000

Elo aschreiwen!

Parcours: Lued de 15km Parcours vun der Trailcourse erof fir Är GPS Smartwatch: TCXGPXKML

Mäer wëllen drop hiweisen datt den Organisateur net ka responsabel gemaach ginn fir all Zort vun Incident déi virun, wärend oder no de Coursen statt fannen.