Haard Trail 2023

13. Haard Trail

Informatiounen zur Course

Datum: Samschdes, 14. Oktober 2023

Start: 15:00

Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien

Distanz: 15 km laangen, hiwwelegen Parcours queesch duerch de Naturpark Haard

Vestiairen a Sekretariat: Centre Sportif Annexe Alliance Sportshal

Zäitnam: Mat engem Ewee-Chip deen am Dossard integréiert ass

Tariffer: Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement oder iwwert eng Online-Umeldung vum 10. September bis spéitstens den 23. September 2023 era komm ass: 10 EUR
Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement oder iwwert eng Online-Umeldung nom 23. September bis spéidstens den 11. Oktober 2023 era komm ass: 12 EUR
Nomeldungen sinn den Dag vun der Course tëscht 13:30 a 14:30 méiglech fir eng Startgebühr vun 15 EUR.
Däer sidd gebieden Är Virumeldung online oder per Virement op eise Bankkonto z’iwwerweisen.

Bankkonto: BCEE LU57 0019 7000 0333 9000

Elo aschreiwen!

Parcours: Lued de 15km Parcours vun der Trailcourse erof fir Är GPS Smartwatch: TCXGPXKML

Mäer wëllen drop hiweisen datt den Organisateur net ka responsabel gemaach ginn fir all Zort vun Incident déi virun, wärend oder no de Coursen statt fannen.