ING Marathon, Schwammen a franséischen Interclub

Dëse Weekend war mam ING Night Marathon DAT Lafevent vum Joer, wou vill vun eise Leefer et sech net huele geloos hunn matzelafen.
D’Laura an d’Claire, déi sech op een Triathlon virbereeden, hunn um Feierdag d’Lafschong géint de Neopren ausgetosch a sinn zu Remerschen am Weiher eng Course matgeschwommen.
Mam Mia, Jon, Nadine, Isabeau a Noémie waren dann och eng Rei vun eise Sprénger a Werfer de Weekend mat hire franséische Veräiner um Interclub am Nopeschland am Asaz.