Zwee gutt Chrono’en am Ausland

D’Fanny profitéiert vum Summer an Australien fir seng Zäiten no ënnen ze schrauwen – an dat geléngt him bis elo ganz gutt.
Seng lescht 3000m ob der Piste ass hat an 10:05,96 gelaf. Domat huet hat net nëmme seng PB em 14 Sekonnen, mee och den ale Klubrekord vum Anne Logelin aus dem Joer 2007 em méi wéi 2 Sekonne gebrach!

Och de Poli war am Ausland ënnerwee. An Italien ass hie bei engem internationale Cross matgelaf. An enger Zäit vu 14:40 Minutten ass hien den exzellenten Drëtte ginn. Mat dëser Leeschtung huet hie Chance fir d’Cross EM selektionéiert ze ginn.

Gléckwonsch un déi zwee.