Landesrekord beim Season Opener zu Zéisseng

Nodeems Enn Februar seng PB (15m18) vu viru 4 Joer nodréiglech als Indoor Landesrekord am Gewiicht unerkannt gouf, konnt d’Nadine Kremer de Weekend wuertwiertlech nach een nogeheien. Am Gewiicht (9kg) geheit hat Outdoor zu Zéisseng 15m68m a brécht domat dem Mireille Tonizzo säin ale Rekord (15m21) aus dem Joer 2014.

Am Hummer mëscht hat mat 46m50 e gudde Season Opener. Seng Trainingspartnerin Isabeau Pleimling geheit 49m08, d’Annette Kohl 23m55 an de Gilles Lorang 42m68.

D’Isabeau geheit bei senger Première am Gewiicht 15m01, fir d’Annette sprangen 9m47 eraus. Fir de Gilles (12m52) war et d’Generalprouf virun de European Masters Athletics Championships Indoor, déi vum 17-23 Mäerz zu Torun a Polen stattfannen.