Landesrekord zu Zéisseng a Klubrekord zu Lille
Worfmeeting zu Zéisseng. Season Opener. Gutt Wierf am Hummer. Landesrekord am Gewiicht. Esou hat d’Nadine Kremer seng Outdoor Saison 2024 lancéiert. Leschte Weekend huet hat dëst 1 zu 1 widderholl. Mat 48m94 am Hummer kann hat zefridden si mat enger neier PB vun 16m15 am Gewiicht nach méi. Domat steigert hat anengems säin eegene Landesrekord vum Virjoer em 47cm.
Um selwechte Meeting huet de Gilles Lorang 43m79 am Hummer an 12m13 am Gewiicht gehäit. Fir de Werferdag komplett ze maachen, ass hien och am Diskus (29m08) esou wéi an der Kugel (9m16) gestart. Feelt just nach de Speer fir de Werfer Fünfkampf komplett ze maachen 😉
De Werfer Trio komplett gemaach huet de Pol Muller mat sengem Start am Diskus (33m52) an an der Kugel (10m68).
Sonndes dunn ass de Poli Stoffel zu Lille um Stroosselaf matgelaf. Hien koum no 10km an 31:58 Minutten an d’Zil – Synonym mat engem neie Junior Klubrekord.
Souwuel am Worf wéi am Laf annoncéiert dat fir jiddereen eng gutt Saison!