Leschte Regio Meeting an Challenge Tageblatt

21.01.2023
Een Titel geet net duer. Dat soten sech de Jon an d’Mia Bourscheid wou se mat hirem däitsche Veräin am Héichsprong bei de Saarlänneschen Haalemeeschterschaften ugetrueden a jeeweils mat der Goldmedaile erëm heem gefuer sinn. De Jon souguer mat enger PB vun 1m91.

28.01.2023
Och beim leschte Regio Meeting waren eis Athleten um Start. De Luca Costantini huet den Héichsprong mat 1m80 fir sech entscheet an domat seng Leeschtung vum Jugendchampionnat bestätegt. Den Thierry Kalmes gouf mat 1m45 de Fënnefte bei den U16.
An den Hürden sinn d’Carla Bellucci an de Luca Pagnaccio an hiren Alterskategorien an d’Finale gelaf. Si ginn do respektiv 5t an 2t ginn an 9,66 Sekonnen, bspw. 6,36 Sekonnen. An der 200m Course ass den Oliver Boussong an 22,82 Sekonnen op déi 5t Plaz gelaf an de Luca Costantini gouf a 24,03 Sekonnen den 8ten.

Alle guten Dinge sind drei: Mam Tom Habscheid (11m94) gouf et e weidere Comeback am Kugelstoussen. D’Disziplin gouf gewonne vum Olivier Caron (14m18). Bei de Meedercher hunn d’Lena Koch (8m18), d’Carla Bellucci (8m02) an d’Eve Lambert (7m90) dräi Top10 Plaze gestouss. Och de Bastien Klein Schlentz huet sech an der 1500m Course an den Top10 plazéiert an 3:24.44 Minutten.
Zum Schluss stoungen nach d’Staffelen um Programm. Eis 200m mixte Staffel gouf 6t (Louis Bellini, Lejla Ceman, Lou Rech, Mex Krecké), eis Meedercherstaffel 5t (Carla Bellucci, Mia Bourscheid, Lena Do Carmo, Claire Klein Schlentz) an eis Jongestaffel déi 4t (Luca Costantini, Olivier Boussong, Joel Paulus, Sven Jacobs).

29.01.2023
Fir de Weekend ofzeschléisse waren eis Klengsten an der Coque um Tour. Eis Equipe war net nëmme staark vertrueden, mee huet och staark Leeschtunge bruecht. Allem viraus d’Laura Zeimet, dat d’Kugel gewonnen huet (7m83), am Héichsprong dat Zweet gouf (1m30) an an den Hürden dat Drëtt (11,19 Sekonnen). D’Liah Melanda (1m20) an d’Sara Goncalves Ribeiro (1m25) goufen an hiren Alterskategorië jeeweils déi Drëtt am Héichsprong. D’Sophie Folscheid huet mat 1m20 de Podium knapp verfeelt. De leschten deen op d’Träppche geklommen ass, war de Gabriel De Menezes Carvalho, deen Drëtten an der 1000m Course gouf an 3:19.98 Minutten.