Matchs International Jeunes héich 2
Net nëmmen dëse Weekend, och schonn de leschte war Match International Jeunes an der Coque.
D’Jugend U14 an U16 hat lëscht Woch de Virtrëtt. Duerch déi drëtt Plaz bei den U14 an enger éischter bei den U16 konnt Lëtzebuerg sech géint déi 9 aner Equipen duerchsetzen an huet am Gesamtklassement gewonnen. Den CAD war mat folgenden Athlete vertrueden:
Liah Melanda, 60mH (11,86 Sek)
Laura Zeimet, Kugel (6m44)
Lena Koch, Kugel (9m31)
Eve Lambert, Héichsprong (1m50)
Fränz Muller, Kugel (11m39)
De Fränz ass mat dëser Wäit den exzellenten Zweeten tëscht der internationaler Konkurrenz ginn.
Zum Ofschloss sinn eist Liah an eist Laura bei der 4x200m (2:02.08 minutes) matgelaf.
Fir eis U18 an U20 Athleten war den internationalen Optrëtt géint eng franséisch Equipe dëse Weekend. Den CAD war och hei vertrueden a gehollef eng 1t an eng 3t Plaz ze maachen:
Mia Bourscheid, Héichsprong (1m64)
Lena Do Carmo, Héichsprong (1m55)
Jon Bourscheid, Kugel (8m72)
Luca Costantini, 60m (7,74 Sek) an Héichsprong (1m68)
De Luca ass och an der 4x200m Staffel matgelaf, déi leider disqualifizéiert gouf.