Matchs Jeunes an der Coque

Déi läscht 2 Wochen hu verschidde vun eise Jonken de rout-wäiss-bloen Nationaltrikot bei de Matchs Jeunes U14-U16 an U18-U20 gedroen. Fir vill vun hinne sinn dës Meetingen den éischte Kontakt mat der Nationalequipe. Mir sinn houfreg op hir Selektioun an hoffen dass der nach vill nokommen. Hei hir Resultater.

Match Jeunes U14-U16
Oanh Beckrich, 60m (8,68 Sekonnen), Wäitsprong (4m22) a Staffel 4x200m (1:49.09 Minutten)
Lena Koch, Kugel (9m82 – PB)
Lejla Ceman, Staffel 4x200m (1:52.71 Minutten)
Mex Krecké, 1000m (3:00.71 Minutten) a Staffel 4x200m (1:42.49 Minutten))
Fränz Muller, Kugel (14m45 – PB)

Match Jeunes U18-U20
Mia Bourscheid, Héichsprong (1m64), a Staffel 4x200m (1:41.13 Minutten)
Eve Lambert, Héichsprong (1m40)
Luca Costantini, Staffel 4x200m (1:40.64 Minutten)