National an international Meeschterschaften
Leschte Weekend war et un der Jugend sech ob hirem Interclub ze beweisen. Vill vun eise Jonke missten dobäi aus hirer Komfortzone eraus a sinn an Disziplinnen ugetrueden, déi si esou eigentlech net trainéieren.
Eis Jonge sinn déi Zweet ginn, eis Meedercher hunn trotz gudder Leeschtunge knapp de Podium verpasst (4. Plaz).
Hei d’Klassementer:
Jongen: CSL, CAD, CELTIC
Meedercher: LIAL, CELTIC, CSL, CAD
De selwechte Weekend waren eis Werferinnen, d’Noémie, d’Isabeau an d’Nadine beim franséischen Interclub am Asaz. D’Pleimling Schwësteren hunn zu Rouen an d’Nadine zu Remiremont fir hir jeeweileg Veräiner Punkte gemaach.
D’Woch virdrun war d’Nadine och bei de Kreismeisterschaften zu Piesbach um Start, wou hat mat 37m27 Vize Saarlandmeisterin am Diskus gouf.
Zu gudder Lescht gratuléiere mir dem Liz (3000m Steeple) an dem Noémie (Speer) fir hir Selektioun fir d’Spiller vun de klenge Länner zu Andorra vum 26-31 Mee.