NATIONAL MEESCHTERSCHAFTEN MAT ENGEM NEIE REKORD FIR D’NOEMIE PLEIMLING
Neie Lëtzebuerger Rekord am Speerwerfe vum Noémie Pleimling dëse Weekend bei de nationale Meeschterschaften zu Schëffleng. Hatt verbessert säin eegene Rekord, deen et eréischt virun enger Woch opgestallt huet, em ganzer 56cm!! Di nei Beschtmark läit elo bei 54,25 m. Bravo Noémie!
Weider CAD- Athlete konnte Podiumsplazen erreechen: Lara Marx (1. /100m Hecken,1. /Dräisprong,3./Diskuswerfen), Géraldine Davin (1./Hummerwerfen), Konstantin Moll (1.Hummerwerfen), Lara Buekens (1./Stafhéichsprong), Olivier Caron (2.FLa-Meeschter/Diskuswerfen,3.FLA-Meeschter/Hummerwerfen), Liz Weiler (2./1500m, 2./3000m), Isabeau Pleimling (2./Hummerwerfen), Olivier Boussong (3./ 100m,3./200m) a Gilles Lorang (3./Hummerwerfen)