Pit Biver

Bal op den Dag genee ee Joer nom Jean Lorang, huet den CAD déi traureg Noriicht erreecht, datt de Veräin e weideren engagéierten a laangjärege Member, de Pit Biver, verluer huet. De Pit huet am CAD an de 90er Joren ugefaangen als Stroosselefer. Mëtt der 90er Jore war e kuerz Trainer, an dono am Comité vum CAD engagéiert, wou en och vun 1999 bis 2018 Vizepresident war. De Pit war och staark an der FLA engagéiert. Hien ass ëmmer opgefall duerch gutt Laun, eng Hellewull vu gudden Iddien an Initiativen, a war ëmmer präsent wann et drëms gaangen ass, eng Hand als Juge, Offiziellen, oder Organisateur mat unzepaken.

Den CAD trauert em de Pit, a wäert en enorm vermëssen.

Den CAD dréckt der Famill a hiert déifste Bäileed aus.

De Pit (hanne riets) mam CAD 1993 zu Verona