Regio Meeting 4

Fir de Regio Meeting 4, de leschte vun enger Serie an domat bal den Ofschloss vun der Indoor Saison, hunn eng Réi CAD Athleten de Wee an d’Coque fonnt.
Den Olivier Caron huet seng Form virum Championnat an 2 Woche getest a gewënnt mat 13m82 d’Kugelstoussen. De Fränz Muller mëscht et him gläich mat 12m63 bei der U16. D’Lena Koch gëtt dat 2t mat 8m78.
Mir haten eng Partie Sprinter um Start, hei e puer Zäiten : Louis Bellini (8,14s), Hannah Back (8,45s), Thierry Kalmes (8,46s), Gabriel De Menezes Carvalho (8,62s), Helena Leser (8,78).

Den Hugo Terver ass säin 200m Tour a blëtzschnellen 22,37 Sekonne gelaf, der drëttbeschter Zäit vum Dag.
De Mex Krecké (2:49,10) an de Gabriel De Menezes Carvalho (3:00,68) ginn op den 1000m respektiv 2ten a 4ten.
Am Héichsprong iwwerspréngt den Thierry Kalmes d’1m60 Lat.

Dir fannt all d’Resultater hei.