Séier – méi séier – Fanny

D’australesch Loft schéngt dem Fanny gutt ze doen. Scho ganz am Ufank vum Joer leeft hat zu Sydney eng nei perséinlech Bestleeschtung an e Klubrekord op der Bunn. Iwwer 3000 m kënnt hat no 10:05,61 Minutten an d’Zil.