September Recap

Och dëse September hunn sech eis Laangstreckeleefer ob d’Strooss getraut. Nom Kulturlaf de 7 September war et um Steel Run de 15 September. Eisen Highlight waren do bis elo ganz kloer dem Raphael an dem Liz hir Performance um Steel Run. De Raphael huet an 1:05:20 als 4ten knapp de Podium verpasst a kann houfreg sinn ob seng Leeschtung. D’Liz koum direkt hannert him an d’Zil an 1:05:32, a gëtt domat éischt Fra.

Den 21 an 22 September war mat der Coupe de Luxembourg dann de wichtegste Rendez-vous vum Hierscht fir den CAD. Trotz enger Rei Absencen – well den Datum vum Meeting nodréiglech geännert gouf! – konnte mir mat zwou vollstännegen Equippen untrieden.

D’Damen haten de Virtrëtt an eis jonk Equippen huet gewise wéi den Hues leeft. Eist Lena huet seng éischt Hürde Course bei de Seniorinnen direkt gewonnen. D’Lara an  d’Daphnée sinn an de Worfdisziplinnen agesprongen an d’Liz huet mat sengem Triple (800m, 1500m, 3000m) ganz wichteg Punkte fir de Veräin gemaach, genau esou wéi d’Caroline a senge 4 Coursen (200m, 400m, 4x100m, 4x400m).
Eis CAD Damen ginn déi 2t, hannert dem CSL mat knappen 326 Punkte Réckstand a virun der FOLA mat 362 Punkte Virsprong.
Den Dag drop war et um Tour vun eise Männer. Och si hu gekämpft a missten sech – well eis 4x400m Staffel leider disqualifizéiert gouf – mat enger 4ter Plaz zefridde ginn.