Super Leeschtungen um 10km Stroosselaf Championnat
Den CAD war de Weekend ganz staark um Postlaf vertrueden, dee gläichzäiteg de Championnat war fir den 10km Stroosselaf.
Eis Leefer hunn hir Participatioun mat ville Beschtleeschtunge belount.
Hei fannt dir d’Resultater.
D’Woch virdru waren der och e puer um Spiridon Run matgelaf als Generalprouf. Dës war besonnesch fir d’Laura an de Samy erfollegräich, déi ob de 5km jeeweils bei de Fraen a bei de Männer déi Zweet goufen.