Top Mehrkampfleeschtungen an eng Selektioun fir Malta

Gutt opgetrueden ass dëse Weekend virun allem eis Jugend. Bei de Mehrkampf Meeschterschaften zu Dikrech konnte souwuel d’Carla Bellucci, wéi och de Melvin Spoden sech an hire 7, beispillsweis 10, Disziplinne beweisen an den Titel mat op Diddeleng bréngen.

E bësse méi wäit gefuer sinn den Olivier Boussong an d’Nadine Kremer, déi de Weekend um Championnat Grand Est zu Tomblaine ugetruede sinn. Den Olivier ass seng 200m Course an 22,71 Sekonne gelaf an d’Nadine huet 34m45 am Diskus geheit.

Am Wäitsten huet sech eis Hummerwerferin d’Isabeau Pleimling deplacéiert, dat de Weekend mat der Lëtzebuerger Selektioun zu Malta op d’Small States Championships geflunn ass. Hat huet säin Hummer 48m49 geheit, an nodeems hat am allerleschte Worf vum Meeting nach iwwerholl gouf, beleet hat eng gutt 4t Plaz an engem staarke Werferfeld.