Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/12/2024
    • 41. Sylvesterlaf41. SylvesterlafTime: 14:10
      Rambrouch

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

E bronzene Weekend

15/05/2023

Mam Interclub war de Weekend ee vun de wichtegste Weekender fir de CAD. Mir si mat dräi Podiumen heemkomm : souwuel eis Fraen, wéi och eis Männer sinn op déi drëtt Träppche geklommen, wat och eng drëtt Plaz am Generalklassement ergëtt. Mam Noémie Pleimling, Lilly Gerhard a Max Wagner konnten dräi Athleten hir Disziplinne gewannen an ënnersträiche wéi staark […]

Eis Athletin Lilly Gerhard huet de 09.05.2023 zu Rehlingen säi Rekord an der 4 kg-Bomm verbessert, a mat der Leeschtung vun 13.49m och e neie Klubrekord bei den Espoirs a bei de Seniorinnen opgestallt. Félicitatiounen!

Internationalen oppene Meeting Datum: Sonndes 7 Mee 2023 Ufank: 14:30 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng

Enn Abrëll ass d’Outdoor Saison fir eis Athleten ugaangen an et geet Schlag op Schlag mat de Meetingen, ugefaange mam Challenge Tageblatt den 22.4 zu Schëffleng. Hei eis Top5 Plazéierungen: 75m, Scolaires fém : 5. Laura Zeimet (11,27 Sekonnen) 75m, Scolaires masc : 4. Julien Schmit (11,25 Sekonnen) Héichsprong, Débutants masc : 3. Adam Maamri (1m05) […]

Jugendinterklub Meeschterschaften Datum: Samschdes 29 Abrël 2023 Ufank: 14:00 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng

Datum: 23.04.2023 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Wieder: bedéckt, mat Reeschauer, 11-14°C Kuckt Iech déi offiiziell Resultater un.

D’Generalversammlung 2022 vum CA Diddeleng gouf de Samschdeg 25. Mäerz 2023 am Centre Hild zu Diddeleng ofgehalen virun ongeféier 75 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht. Et war dëss Joër eng ganz speziell Editioun, déi éischt säit iwwert 50 Joer ouni de Jean Lorang. Am Ufank huet d’CAD Presidentin Josée Lorsché un de Jang, u seng […]

Club Sponsors