Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 08/11/2025
- 33. Internationaler DEULUX Lauf33. Internationaler DEULUX LaufTime: 13:30
Mesenicher Straße, Langsur, Deutschland
- 33. Internationaler DEULUX Lauf33. Internationaler DEULUX LaufTime: 13:30
- 15/11/2025
- Kids Cup CADKids Cup CADTime: 14:00 - 17:15
Hall Annexe Alliance, Quartier Italie, Didelange
- Kids Cup CADKids Cup CADTime: 14:00 - 17:15
- 16/11/2025
- 22. Foyer Trail Uewersauer22. Foyer Trail UewersauerTime: 07:15
Heiderscheid, Esch-sur-Sûre - Cross 4 FOLACross 4 FOLATime: 11:00
Esch-sur-Alzette, Ellergronn
- 22. Foyer Trail Uewersauer22. Foyer Trail UewersauerTime: 07:15
- 23/11/2025
- Cross 5 Celtic + EurotrailCross 5 Celtic + EurotrailTime: 11:00
Diekirch Stade Municipal
- Cross 5 Celtic + EurotrailCross 5 Celtic + EurotrailTime: 11:00
- 30/11/2025
- Cross 6 CAS + ChampionnatsCross 6 CAS + ChampionnatsTime: 11:00
Stade Jean Jacoby, 4 Montée du Cimetière, Schifflange
- Cross 6 CAS + ChampionnatsCross 6 CAS + ChampionnatsTime: 11:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Eng Ekipp vum CAD huet gëschter um Kids Cup virun der Ekipp vum CAEG a vum CAB/CAPA gewonnen. Felicitatiounen un eis jonk Athleten! Ganzer 15 Ekippen waren um Start. CAD 1, 127 Punkten CAEG 1, 104 Punkten CAB/CAPA, 102 Punkten CAD 2, 94 Punkten Celtic, 84 Punkten CAEG 2, 83 Punkten CSL 2, 65 Punkten […]
Leschte Weekend war zu Frankfurt de nationale Marathon Championnat. Den CAD war mat 3 vun 10 Leefer, déi bei de Männer un de Start gaange sinn extra gutt repräsentéiert. Am Beschte platzéiert huet sech de Samy Moussaïd, deen excellente Véierte gouf. D’Laura Grober misst säin Start verletzungsbedingt leider ofsoen – emsou méi schued, well just […]
Wärend déi eng nach Paus maachen oder schonn am Opbau sinn, schléissen Anerer grad hir Saison of, an nach Anerer starten an d’Cross/Trail Saison eran. Esou sinn d’Jennifer Chaussy an d’Claire Hagen de Sonnden, 22.10 um Ploschterprojet Trail matgelaf. Si sinn no 12km an 1:17:22 Stonnen, bspw 1:17:25 Stonnen an d’Zil komm. Parallel war zu […]
Datum: 14.10.2023 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: lëfteg, zum Deel sonneg, 13°C Participantën: 94 Finishers: 94 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2023 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un.
Et gouf schonn iwwer doriwwer geschwat de Kraaftsall ëmzestrukturéieren. Op Initiativ vum Yanis gouf dës Aktioun elo ëmgesat. D‘Resultat? E Sall dee vill méi grouss wierkt a wou elo problemlos e puer Leit gläichzäiteg kennen zesummen trainéieren ouni sech am Wee ze stoen. Merci dem Yanis fir d‘Iddien a merci jidderengem deen um Samschden moien eng Hand mat […]
Fir d’Saison ofschléisse fannen déi ganz Motivéiert sech traditionell fir de Championnat épreuves multiples zu Dikrech an. Dëst Joer ware mam Marie Lahr a mam Mex Krecké zwee CAD Athleten um Start. De Mex huet gewise wat an him stécht a koum mat 1979 Punkten op eng super 2. Plaz am Quadrathlon. Hei fannt dir […]
Groussen Exploit zu Pescara : no senger 4ter Plaz d’lescht Joer ass den Tommy dëst Joer wuertwiertlech bis op déi iewescht Träppche bei der Masters Europameeschterschaft zu Pescara gesprongen. Domat huet den CAD en Europameeschter am Veräin. Wat en Exploit fir hien a wat e Virbild fir seng Athleten déi hien trainéiert! Donieft waren […]
Club Sponsors




