Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 16/05/2026
- ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
Kirchberg, Luxexpo The Box
- ING Night Marathon LuxembourgING Night Marathon LuxembourgTime: 19:00
- 21/05/2026
- Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
Lac Echternach
- Laf ronderem de SéiLaf ronderem de SéiTime: 14:00
- 25/05/2026
- LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
Esplanade de la Moselle, Wasserbillig
- LowPointRunLowPointRunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Werfermeeting Datum: 25.05.2023 18:30 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un, an d’Resultater. Link LA-Portal: https://laportal.net/Competitions/Details/9899
Mam Interclub war de Weekend ee vun de wichtegste Weekender fir de CAD. Mir si mat dräi Podiumen heemkomm : souwuel eis Fraen, wéi och eis Männer sinn op déi drëtt Träppche geklommen, wat och eng drëtt Plaz am Generalklassement ergëtt. Mam Noémie Pleimling, Lilly Gerhard a Max Wagner konnten dräi Athleten hir Disziplinne gewannen an ënnersträiche wéi staark […]
Eis Athletin Lilly Gerhard huet de 09.05.2023 zu Rehlingen säi Rekord an der 4 kg-Bomm verbessert, a mat der Leeschtung vun 13.49m och e neie Klubrekord bei den Espoirs a bei de Seniorinnen opgestallt. Félicitatiounen!
Internationalen oppene Meeting Datum: Sonndes 7 Mee 2023 Ufank: 14:30 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng
Enn Abrëll ass d’Outdoor Saison fir eis Athleten ugaangen an et geet Schlag op Schlag mat de Meetingen, ugefaange mam Challenge Tageblatt den 22.4 zu Schëffleng. Hei eis Top5 Plazéierungen: 75m, Scolaires fém : 5. Laura Zeimet (11,27 Sekonnen) 75m, Scolaires masc : 4. Julien Schmit (11,25 Sekonnen) Héichsprong, Débutants masc : 3. Adam Maamri (1m05) […]
Jugendinterklub Meeschterschaften Datum: Samschdes 29 Abrël 2023 Ufank: 14:00 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng
Datum: 23.04.2023 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Wieder: bedéckt, mat Reeschauer, 11-14°C Kuckt Iech déi offiiziell Resultater un.
Club Sponsors




