Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 25/01/2025
    • Championnats Indoor Jeunes (U16-U18-U20)Championnats Indoor Jeunes (U16-U18-U20)Time: 10:45 - 17:15
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 26/01/2025
    • Leidelenger WanterlafLeidelenger WanterlafTime: 09:30 - 11:30
      Leudelange Centre Sportif
    • Challenge Tageblatt Indoor 1 (CAPA/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 1 (CAPA/FLA)Time: 11:00 - 18:00
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 08/02/2025
    • Meeting indoor Regio 4Meeting indoor Regio 4Time: 13:00 - 18:15
      D'Coque, Kirchberg

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Dësen Oktober hunn eis Leefer tëscht Marathonen a Cross’e geswitcht. Den Denis an d’Laura waren an d’Ausland fir sech ob 42km ze beweisen. Den Denis ass zu Amsterdam eng super Zäit vun 3h17 gelaf. D’Laura koum zu Frankfurt an 3h22 an d’Zil. Dëse Marathon zielt fir de Lëtzebuerger Championnat a mir gratuléieren dem Laura fir […]

Ufanks der Woch war dem INAPS seng Diplomiwwerreechung fir Trainer a Jugen. Net manner wéi 8 Trainer a Jugë vum CAD goufe fir hir Efforten ausgezeechent. De Veräin zielt 4 nei Luxqf3 ausgezeechent Trainer: Tommy an Isabelle Bourscheid, Francois Klein a Marc Reuter. D’Tessy an de Steve Costantini hunn de Juge inférieur Schäin gepackt. Isabelle Bourscheid, […]

Offiziel Resultater Exzellent Bedingungen dëse Nomëtteg um 2. Cross-Country vun der Saison bei schéinem Hierschtwieder, mat enger exzellenter Participatioun an erem vill Zuschauer.

September Recap

25/09/2024

Och dëse September hunn sech eis Laangstreckeleefer ob d’Strooss getraut. Nom Kulturlaf de 7 September war et um Steel Run de 15 September. Eisen Highlight waren do bis elo ganz kloer dem Raphael an dem Liz hir Performance um Steel Run. De Raphael huet an 1:05:20 als 4ten knapp de Podium verpasst a kann houfreg […]

Cross-Country Le’h Laf Informatiounen zur Kompetitioun Datum: Sonndes, 13. Oktober 2024 Start: 12:00 Uert: Parc Le’h, Diddeleng Vestiairen: John F. Kennedy Stadium, Diddeleng Sekretariat: “Waldschoul” am Parc Le’h, Diddeleng

Den CAD Athlet Tom Habscheid wees zu Paräis op de Paralympeschen Spiller sportlech z’iwwerzeegen, a stéisst d’Bomm op exzellent 14.97m, a sëchert sech domatt déi 3. Plaz an engem staarke Concours. Gläichzäiteg setzt hien mat der Distanz e neien paralympeschen Rekord an der F63 Kategorie. Staark sportlech Leeschtung a Felicitatiounen!

Eis jonk Athletin Emma brauch de Moment vill Hëllef, ënnerstëtzt hat w.e.g. Villmoos Merci am Viraus vum CAD

Club Sponsors