Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/01/2026
    • Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
      Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
  • 01/02/2026
    • Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
      Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen
    • Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 08/02/2026
    • Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
      Hobscheid Centre polyvalent
      Grand-Rue, Habscht

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Op de Nationale Meeschterschaften huet eisen Athlet Valentin Moll säin eegenen Espoirs-Rekord am Diskus aus dem läschte Joër em 2.31m verbessert. Déi nei national Beschtleeschtung steet elo op exzellenten 50.94m. Félicitatiounen Valentin !  

Op de Nationale Meeschterschaften huet eis Athletin Noémie Pleimling e Sonndeg de 6. September am läschten Essai e weideren fantastesche Landesrekord opgestallt. De neie Rekord steet elo op 57.46m, bal 2 Meter besser wéi de Rekord aus dem August. Super Noémie !

Datum: 05.09.2020 10:00, 14:30 an 06.09.2020 14:30 Uert: J.F. Kennedy Stadium, Diddeleng a Werferterrain zu Zoufftgen (F) Wieder Samsdes:   frësch, bedéckt a lëfteg, 18°C Wieder Sonndes: sonneg, 18°C   Kuckt Iech déi offiiziell Resultater vun e Samsdeg a vun e Sonndeg un. D’Noemie Pleimling huet bei dëse Meeschterschaften e neie Nationale Rekord am Speerwerfen […]

Datum: 29.08.2020 15:00 Uert: Werferterrain zu Zoufftgen (F) Wieder: Sonn mat e puer Wolleken, 19°C Kuckt Iech déi offiiziell Resultater vum Evenement un.

43. Tour de Dudelange   Informatiounen zur Course Neien Datum: Sonndes, 4. Oktober 2020

Datum: 12.08.2020 19:00 Uert: J.F. Kennedy Stadion, Diddeleng Wieder:   schmeier, Sonn mat e puer Wolleken, lëfteg, 29°C Kuckt Iech déi offiiziell Resultater vum Evenement un.

Op dem ageschränkten Eröffnungsmeeting vun der Saison, deen den 12. August zu Diddeleng war, huet d’Noémie Pleimling agangs direkt eng gutt Form gewisen an och fërmlech drop gelauert fir e neie Rekord opzestellen. Am éischten Essai am Speerwerfen huet et säin eegene Rekord em bal e Meter verbessert. Säi neie Rekord ass elo op 55,47m verbessert! Felicitatiounen !

Club Sponsors