Tour de Dudelange 2020

43. Tour de Dudelange

 

Informatiounen zur Course

Neien Datum: Sonndes, 4. Oktober 2020

Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng

Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

Vestiairen a Sekretariat: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng (kuckt w.e.g. d’Kaart hei ënnendrënner)

Covid: Wéinst den aktuelle Restriktiounen gi speziell Moossnamen ergraff. Esou gi nëmmen Virumeldungen ugeholl. De Start gëtt a Bléck vu 50 Leefer organiséiert, déi 2 Meter auserneen opgestallt ginn. Am Startberäich ass d’Droe vun engem Buff obligatoresch. Gi Verstéiss festgestallt, gëtt de Leefer disqualifizéiert. Bei der Virumeldung muss de Leefer de Sécherheetsmoossnamen zoustëmmen. Gläichzäiteg engagéiert de Leefer sech datt en sech zeréck zitt falls en um Dag vun der Course Féiwer oder Symptomer huet. Den Organisateur weist all Responsabilitéit vun sech am Fall vun enger retracéierter Ustiechung wärend der Course.

Zäitnam: Mat engem Ewee-Chip deen am Dossard integréiert ass, an dee bei de Virumeldungen a bei de Nomeldungen mat abegraff ass.

Tariffer: Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement, iwwert eng Online-Umeldung oder per Fax (+352 511651) vum 13. September bis spéitstens den 24. September 2020 era komm ass: 10 EUR
Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement, iwwert eng Online-Umeldung oder per Fax (+352 511651) nom 24. September a virum 1. Oktober 2020 era komm ass: 12 EUR
Nomeldungen si wéinst de Covid-Restriktiounen leider net méiglech.
Däer sidd gebieden Är Virumeldung online oder per Virement op ee vun de Bankkonten z’iwwerweisen.

Bankkonten: BGLL LU52 0030 1182 4440 1000 a BCEE LU57 0019 7000 0333 9000

Kannercoursen: Wéinst de Covid-Restriktioune ginn dëss Joer keng Kannercoursen organiséiert

Meeschterschaften 10km: Wann Der bei den Nationalen 10km Meeschterschaften mat maacht, muss Är Umeldung vum Veräin validéiert ginn an Däer musst eng gülteg Kompetitiounslizenz hunn! Kuckt Iech hei de Reglement zu de Meeschterschaften un.

Elo aschreiwen!

 

Coursen
15:15Mini Course (725m), Meedercher a Jongen no 2012 gebuer
15:20Benjamin Course (725m), Meedercher a Jongen 2011 oder 2012 gebuer
15:25Débutants a Débutantes Course (1450m), Meedercher a Jongen 2009 oder 2010 gebuer
15:35Scolaires Course (1450m), Meedercher a Jongen 2007 oder 2008 gebuer
16:0043. Tour de Dudelange

Parcours: Kuckt Iech dëss Kaart am PDF un fir eng detailléiert Usiicht vum Parcours.

Accès: Mäer recommandéieren den ëffentlechen Transport, deen elo gratis zu Lëtzebuerg ass, ze benotzen fir op d’Plaz ze kommen. Den Zucharrêt Dudelange-Burange (1 Zuch all 30 Minutten) an d’Bus-Arrêten vun den TICE Linnen 8 a 9 (all Stonn bedéngt) leien op manner wéi 650m vum Terrain.

Mäer wëllen drop hiweisen datt den Organisateur net ka responsabel gemaach ginn fir all Zort vun Incident déi virun, wärend oder no de Coursen statt fannen.


Gewënner vun de viregten Editiounen

 

2019Max Lallemang (CA Fola)33'15"Liz Weiler (CAD)39'42"
2018Yonas Kindé (Celtic Diekirch)32'24"Liz Weiler (CAD)39'15"
2017Yonas Kindé (Celtic Diekirch)30'55"Martine Melina (Celtic Diekirch)38'09"
2016Yonas Kindé (Celtic Diekirch)31'51"Nathalie Da Ponte (ASSA)37'24"
2015Yonas Kindé (CA Belvaux)31'02"Nathalie Da Ponte (ASSA)35'53"
2014Yonas Kindé (CA Belvaux)32'57"Nathalie Da Ponte (Celtic)35'45"
2013Peter Wanjiru (Ind.)30'20"Ferahiwat Koenigs (Celtic)37'59"
2012Omar Errachidi (Longwy)32'20"Claudine Bausch (CAD)41'45"
2011Hicham Adibab (CA Fola)32'41"Nancy Gasperini (Celtic)40'18"
2010----
2009Fränk Schweitzer (Ind.)33'43"Tania Harpes (CAD)38'55"
2008Christian Molitor (Celtic)32'28"Tanja Schmidt (LC Saucony Saar)38'37"
2007Abdel Tayss (ASSA)32'19"Stefanija Vilniute (ASSA)36'53"
2006Omar Errachidi (CSL)33'28"Nathalie Loubele (BBS)35'52"
2005Omar Errachidi (CSL)32'16"Stefanija Vilniute (ASSA)37'27"
2004Omar Errachidi (CSL)31'21"Stefanija Vilniute (ASSA)37'08"
2003Omar Errachidi (Ind.)32'03"Pascale Schmoetten (Celtic)37'31"
2002Eddi Vandeputte (RCA Spa)31'37"Line Dupont (Celtic)38'22"
2001Rischard Mutay (Kenya)29'23"Pascale Schmoetten (Celtic)37'57"
2000Jacqson Korir (Kenya)30'19"Lwiza John (Tansania)35'52"
1999Alain Vandercammen (Celtic)31'32"Christine Miltgen (Spora)37'42"
1998Uwe Hartmann (GER)32'05"Nancy Kemp (Tri-93)37'34"
1997Wolfgang Koch (GER)30'40"Josée Lorsché (CAD)39'28"
1996Jhemp Ernzen (CAEG)30'36"Tania Fransissi (Fola)36'21"
1995Thierry Jacob (CAL)31'37"Monique Modert (RRE)38'40"
1994Gerdy Roose (CAL)32'05"Danièle Kaber (RBUAP)35'28"
1993Gerdy Roose (CAL)31'02"Danièle Kaber (RBUAP)35'44"