Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 31/01/2026
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
- 01/02/2026
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen - Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
- 08/02/2026
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Hobscheid Centre polyvalent
Grand-Rue, Habscht
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Déi läscht Woch koum et zu enger éischter CAD Comitéssëtzung iwwert Teams wéinst de Restriktiounen duerch déi aktuell sanitär Kris. Aktuell Themen wéi d’Organisatioun vun de nächsten Evenementer wéi d’Championnat, d’Mehrkampfmeeschterschaften an den Tour de Dudelange, d’Ofhalen vu verschiddenen Trainingen, an d’Nohuelen vun der Generalversammlung goufen diskutéiert.
An deenen leschten Deeg hate mer ëmmer nach gehofft den Tour de Dudelange an d’National Stroossemeeschterschaften kënnen bäizebehalen, mä den aktuellen Kontext mëscht et leider net méiglech. Den CAD Comité huet decidéiert den dësjäregen Tour de Dudelange an d’10 km-Stroossemeeschterschaften ofzesoen. Déi Leefer déi sech schonns ageschriwwen hunn, wäerten deemnächst kontaktéiert ginn fir e Remboursement z’initiéieren.
Am Kontext vun de neien Mesuren déi vun der Regierung ëmgesat goufen fir d’Verbreedung vun COVID-19 anzedämmen, huet den CAD Comité missen decidéieren d’CAD Generalversammlung vum 14. Mäerz 2020 op e spéideren Datum ze verréckelen.
Bei den 104. Nationalen Cross-Country Meeschterschaften, hunn dëss CAD Athleten gutt Resultater op engem schwieregen Parcours mat vill Bulli realiséiert : Lys Stoffel : 2. Espoir Chloé Schmit : 4. Junior Noah Fries : 5. Espoir Pol Stoffel : 6. Minime Joy Havé : 11. Scolaire Mex Krecké : 12. Débutant Leonie Bressler : 12. […]
Bei dem internationalen Eurocross zu Dikkrech hun folgend CAD Athleten flott Leeschtungen realiséiert: Lys Stoffel: 1. Espoir Chloé Schmit: 2. Junior Noah Fries: 3. Espoir Joy Havé: 11. Scolaire Léonie Bressler: 13. Minime Mex Krecké: 15. Débutant Bastien Klein-Schlentz: 16. Débutant
Bei dem Regio 3 Indoor Meeting hunn dëss CAD Athleten gutt Leeschtungen realiséiert: Sophie Leser: 3. 60m (8″25) Michael Auer: 3. Héichsprong (1.75), 5. Stafhéichsprong (3.90) Luca Costantini: 4. Héichsprong Minimes (1.58) Lili Lamesch: 5. 60m (8″29) Liz Weiler: 7. 1500m (5:03″04) Melvin Spoden: 7. 60m Hécken Cadets (9″40) Olivier Boussong: 9. 60m (7″19), 11. […]
Bei dem 18. CMCM Indoor Meeting hu folgend CAD Athleten deel geholl:
Club Sponsors




