Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 26/04/2026
    • PéckvillercherslafPéckvillercherslafTime: 09:00
      Centre Culturel Nospelt, 4 Rue de l'École, Kehlen
    • Championnats Interclubs des Jeunes, CASChampionnats Interclubs des Jeunes, CASTime: 13:00
      Stade Jean Jacoby, 4 Montée du Cimetière, Schifflange
  • 30/04/2026
    • Meeting Ouvert Mémorial Romain Schmiz + Nico ClemensMeeting Ouvert Mémorial Romain Schmiz + Nico ClemensTime: 18:00
      Stade Op Flohr, Grevenmacher
  • 01/05/2026
    • Semi-marathon des 2 LuxembourgsSemi-marathon des 2 LuxembourgsTime: 09:00
      Centre Sportif Beckerich
  • 02/05/2026
  • 03/05/2026
    • E Laf fir d'NaturE Laf fir d'NaturTime: 09:00
      Kockelscheuer
  • 08/05/2026
    • Championnats Relais (courts et longs)Championnats Relais (courts et longs)Time: 18:30 - 20:45
      INS, Luxembourg-Cents
  • 09/05/2026
    • 4ème Mondorf Run4ème Mondorf RunTime: 09:00
      Mondorf Domaine Thermal

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Beim Indoormeeting Regio 3 gouf et e puer gutt Resultater vun eisen Athleten: d`Lara Marx huet d`60m Hecken an den Dräisprong gewonnen, d`Lili Lamesch gouf 2.iwwer 60m Cadettes, d`Chloé Schmit koum op di 2.Plaz iwwer 1500m, eis 4x200m Staffelekipp (Lili Lamesch-Daphnée -Yanna Schmit – Lara Marx) koum op di 3.Plaz vum nationale Podium, den Olivier […]

Nach e neie nationale Rekord fir d`Noémie Pleimling! Bei engem Meeting zu Offenburg/Däitschland verbessert hatt säin eegene Rekord vun 50,74m op 51,45m! Grandios!!

EUROCROSS DIKRECH

03/02/2019

Beim Eurocross zu Dikrech gëtt de Pol Stoffel 4.Scolaire, d`Chloé Schmit gewënnt bei de Juniorinnen an de Noah Fries gëtt 3.Junior.

Gléckwënsch un den Tom Habscheid, deen e neie Lëtzebuerger Rekord LPC an der Kategorie F63 beim Bommstoussen um 17.CMCM Indoor Meeting realiséiert huet: 14,77m! D`Lara Marx gëtt 3.iwwer 60m Hecken an 3.am Dräisprong.

Gudd Resultater vun eise jonken Athlete beim 2.Indoor Challenge Tageblatt: Ben Steimes (1./Wäitsprong an1./ 60m Minimmes), Eve Lambert (1./Héichsprong Debutantes), Lena Do Carmo ( 2./Héichsprong Scolaires), Lina Jomé (3./ Héichsprong Debutantes), Carla Bellucci (3./Héichsprong Scolaires) a Caroline Kutten (6./Bommstousse Minimmes)

Bei de nationalen Halemeeschterschafte koumen dëse Weekend folgend CAD-Athleten op d`Träppchen: Lara Marx(1./60m Hecken-8“81, 1./Dräisprong-11,09m,3./Stafhéichsprong-3,00m, 3./Wäitsprong-5,45m), Lara Buekens (1./Stafhéichsprong-3,75m), Noémie Pleimling (2./Bommstoussen-12,12m,), Olivier Caron (2.FLA-Athlet/Bommstoussen-14,24m),Roy Michel (3./Stafhéichsprong-3,80m) an Tom Habscheid(3./Bommstoussen-12,62m). Felicitatiounen!!!

Gutt Noriichte vun den LBFA Halemeeschterschaften zu Gent/Belsch: de Florestin Pireaux verbessert seng perséinlech Beschtmark am Bommstoussen op 14,35m a gëtt domat 2..

Club Sponsors