Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Beim Interclub Jeunes hunn eis jonk Athleten eemol méi gewisen wat si drop hunn. Si hunn net nëmmen gutt Leeschtungen a Beschtleeschtungen bruecht, mee och nieft dem Terrain mat vill Teamgeescht geglänzt. Zum Schluss stoungen d’Jongen op der 2. Plaz an d’Meedercher sinn op déi 3. Marche um Podium geklommen. Béid Equippenplazéierungen wuelverdéngt! Hei sinn […]

1. Réiser Bëschlaf (annuléiert!) “De Lefer trëfft op d’Päerd” Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 9. Juni 2024 Uert: Réiserbësch Heed, Crauthem Distanz: 5 an 10 km op Bëschweeër Organiséiert am Kader vun den 31. Réiser Päerdsdeeg (CSI Jumping).

Souwuel fir eis Leefer, wéi och fir eis Werfer stoungen de Weekend zwee Rendez-vous’en un. D’Nadine Kremer an de Gilles Lorang ware Samschdes zu Zéisseng a Sonndes zu Zoufftgen am Asaz. D’Nadine steigert seng SB am Hummer op 47m85 a kennt mat 15m27 am Gewiicht och no u säi Landesrekord run, deen hat am Mäerz […]

Um Ouschterméinden fënnt traditionnel den Ouschterlaf zu Grevemacher statt. Dëst Joer war dës Course gläichzäiteg de nationale Championnat fir 10km op der Strooss. Den CAD konnt sech iwwer 2 Podiumer freeën, dovunner een bei de Männer an een bei de Fraen. De Kevin Bertold konnt bei de Junioren op déi héijsten Träppchen um Podium klammen. […]

Werfermeeting

04/04/2024

Werfermeeting Datum: 21.04.2024 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un, an hei déi entspriechend Seltec-Säit mat Aschreiwungen a Resultater. Resultater am PDF-Format.

Datum: 24.03.2024 16:00 Uert: Stade J.F. Kennedy, Diddeleng Wieder: kal, lëfteg, Sonn mat Reeschauer, 7°C Participantën: 145 Finishers: 137 Podiumë vum 46. Tour de Dudelange Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Kannercoursen Kuckt Iech hei d’Resultater vun de Kannercoursen un. Biller vun 2024 74 Fotoen […]

D’Generalversammlung 2023 vum CA Diddeleng gouf de Samschdeg 16. Mäerz 2024 am neien Hall Polyvalent zu Diddeleng ofgehalen virun ongeféier 75 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht. Agangs der Generalversammlung huet d’Presidentin Josée Lorsché deem am Januar verstuerwenen, laangjärge Comitésmember an Offiziellen, dem Pit Biver, geduecht. Dono huet d’Josée Lorsché d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu […]

Club Sponsors