Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Eng Reih vun eise Langstreckeleefer hunn de Sonnden de Wee op de Postlaf fonnt, deen traditionnel d’Stroosselaf Saison lancéiert. Hir Resultater fannt dir hei.

Nodeems Enn Februar seng PB (15m18) vu viru 4 Joer nodréiglech als Indoor Landesrekord am Gewiicht unerkannt gouf, konnt d’Nadine Kremer de Weekend wuertwiertlech nach een nogeheien. Am Gewiicht (9kg) geheit hat Outdoor zu Zéisseng 15m68m a brécht domat dem Mireille Tonizzo säin ale Rekord (15m21) aus dem Joer 2014. Am Hummer mëscht hat mat […]

Leschte Sonnden war bei beschten Wieder de Cross Championnat zu Ettelbréck. Virun allem eis Jongen/Männer ware stark vertrueden an aus hire Reihen koum och dat beschte Resultat. Mir gratuleieren eisem Junior, dem Kevin Bertold, fir seng 3. Plaz. All d’Eenzel- an Equipenresultater vun den ënnerschiddlechen Alterskategorien fannt dir hei. De selwechten Dag ass d’Brenda e […]

Déi läscht 2 Wochen hu verschidde vun eise Jonken de rout-wäiss-bloen Nationaltrikot bei de Matchs Jeunes U14-U16 an U18-U20 gedroen. Fir vill vun hinne sinn dës Meetingen den éischte Kontakt mat der Nationalequipe. Mir sinn houfreg op hir Selektioun an hoffen dass der nach vill nokommen. Hei hir Resultater. Match Jeunes U14-U16 Oanh Beckrich, 60m […]

Um Championnat haut un eis Liichtathleten net nëmme gutt Leeschtungen a nei Beschtleeschtungen, mee och e puer Podiume mat op Diddeleng bruecht. Héichsprong 2. Plaz Lena Do Carmo (1m55) 3. Plaz Eve Lambert (1m50) 3. Plaz Thierry Kalmes (1m65) Kugelstoussen 2. Plaz vun der Federatioun Olivier Caron (13m59) 2. Plaz Tom Habscheid (12m88) 2. Plaz […]

46. Tour de Dudelange Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 24. Mäerz 2024 Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

Dësen Donneschde goufen eis Liichtathleten fir hir Landesmeeschtertitel an der Saison 2023 geiert. Mir gratuléieren dem Noémie Pleimling, dem Isabeau Pleimling, dem Tommy Bourscheid, dem Mia Bourscheid, dem Jon Bourscheid, dem Carla Bellucci, dem Melvin Spoden, dem Luca Costantini, dem Caroline Kutten, dem Lena Koch, dem Fränz Muller, dem Olivier Boussong, dem Poli Stoffel an […]

Club Sponsors