News

48. Tour de Dudelange Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 22. Mäerz 2026 Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

D’australesch Loft schéngt dem Fanny gutt ze doen. Scho ganz am Ufank vum Joer leeft hat zu Sydney eng nei perséinlech Bestleeschtung an e Klubrekord op der Bunn. Iwwer 3000 m kënnt hat no 10:05,61 Minutten an d’Zil.

Déi dräi Regio Meetinger an der Coque waren fir eis Jugend eng gutt Virbereedung ob hiren Indoor Championnat. Nieft ville gudde Leeschtungen, Podiumen a Medailen haten eis Jonk och eppes – vill Freed um Sport. Mir freeën eis ob de weideren Verlaf vun der Indoor Saison, notamment de véierten a leschten Indoor Meeting an den […]

E Samschdeg 13. Dezember, war eis traditionellt Fest fir d’Débutant(e)s a fir d’Scolaires, fir se fir hier Saison 2025 auszezeechnen. Vill jonk Athlet:innen waren um Rendez-vous, an hunn no engem flotte Nomëtteg an der Schwëmm an der Bierenger Hal gefeiert. Déi jonk Athleten kruten hiren Champions Méritants Präis. Eng weider Belounung gouf et mat enger […]

All Weekend am November waren eis Cross-Leefer am Asaz an hunn sech Woch fir Woch duerch de Bulli gekämpft fir de Championnat optimal ze preparéieren. Hei hir Resultater aus de leschte Wochen: 8.11 Deulux Lauf Langsur 17.11 Cross-Challenge ASPORT – Cross 4 (Fola) 23.11 Cross-Challenge ASPORT – Cross 5 & EuroTrail Celtic 30.11 Cross-Challenge ASPORT […]