News
Ënn Mee waren zwee vun eisen Athlete mat der National Ekipp ob den European Challenger Championships zu Monaco. D’Noémie ass mat 50m17 am Speer dat 4t ginn an d’Fanny dat 6t ob der 1500m an 4:32.46. Hei sinn d’Resultater vun deem Meeting. Eng Woch drop war dann den éischte wichtege Rendez-vous fir d’Ekippe Klassement zu […]
De leschte Mount sinn eis Laangstrecke Leefer bal all Weekend ob Coursë gestart an hunn eng Rei gutt Resultater: 9.5 Mondorf Run 12.5 Lampertsbierger Laf 17.5 Pliezhausen – d’Fanny leeft PB a neie Klubrekord ob der 3000m an 10:02,55 25.5 Low point Run 6.6 Berdorfer Laf – de Kevin huet d’13km gewonnen! 7.6 Tëtelbierg Trail […]
Och dëst Joer war den CAD erëm beim Interclub vun den Diddelenger Veräiner dobäi. No enger Paus am leschte Joer an dräi Victoiren an de Jore virdrun, war d’Missioun kloer: Titelverdeedegung – dës Kéier mat enger neier, jonker Equipe. Um Enn ass eng super zweet Plaz erausgesprongen. Gléckwonsch dem Klenge Stemmveräin fir hiren Erfolleg – […]
Aktuell ass et roueg gi Weekends an de Liichtathletik Stadien – et ass eng Meeting Paus virum Interclub vun de Senioren, deen de 6 a 7 Juni zu Ettelbréck ausgedroe gëtt. An der Woch trainéieren eis Athleten awer fläisseg fir sech do an hirer beschter Form ze präsentéieren. Hei fannt dir den Zäitplang. Virum Interclub […]
Staffelchampionnat Jugendheckechampionnat Challenge Tageblatt 3 + Prix U16 Datum: 08.05.2026 18:30 – 20:30 an 09.05.2026 12:45 – 17:00 Uert: INS Stadion, Cents SELTEC LA-Portal (Startlëschten a Resultater): Championnats nationaux de relais Championnats nationaux haies Jeunes LA.net 3 Umeldungen: Championnats nationaux de relais (zou) Championnats nationaux haies Jeunes (zou) Challenge Tageblatt 3 + Prix U16 (zou) […]