D’Indoor Saison ass lancéiert

De 16. an den 22. Dezember war mam Regio Meeting 1 an 2 d’Start an d’Indoor Saison. Op deelweis onkonventionellen Distanze konnten eis Athleten hir Form testen a kucke wou si am Training

Regio Meeting 1
Gutt placéiert hunn sech an den techneschen Disziplinnen den Thierry Kalmes, (Héichsprong, 1m63), d’Eve Lambert (Kugel 3kg, 8m56), d’Lena Koch (Kugel 3kg, 8m24), d’Laura Zeimet (Wäitsprong, 4m44) an d’Lejla Ceman (Wäitsprong, 4m35).
Op de wäiten Distanze konnten 3 Athleten sech an den Top10 placéiere mam Mex Krecké (1000m, 2:54.47 Minutten), Gabriel De Menezes Carvalho (1000m, 3:06.28 Minutten), a Pol Stoffen (5000m, 15:54.28 Minutten). Op der 150m sinn direkt puer Athlete richteg séier gelaf : Hugo Terver (17’10 Sekonnen), Mex Krecké (19’18 Sekonnen), Thierry Kalmes (20’19 Sekonnen), Gabriel De Menezes Carvalho (20’33 Sekonnen), Dan Hulten (20’35 Sekonnen).

Regio Meeting 2
De Louis Bellini huet seng 4kg Kugel op 8m55 gestouss an de Pol Muller seng 6kg Kugel op 8m82. D’Hannah Back koum an 8’55 Sekonnen no der 60m an d’Zil, d’Lejla Ceman an 8’59 Sekonnen an d’Helena Leser an 8’88 Sekonnen. Gutt Zäite sinn och eis Jongen op de 60m gelaf : Hugo Terver (7’18), Yanis Braze (7’55) Louis Krieger (7’91), Thierry Kalmes (8’28), Louis Bellini (8’31), Gabriel De Menezes Carvalho (8’53) a Bastien Klein Schlentz (9’51). Eis Minimes Jonge sinn och nach egn gutt 600m gelaf an 1:38.27 (Mex Krecké), 1:40.17 (Gabriel De Menezes Carvalho) an 1:51.21 (Bastien Klein Schlentz).