CAD Generalversammlung 2021

D’Generalversammlung 2021 vum CA Diddeleng gouf de Freideg 3. Juni 2022 am Centre Hild zu Diddeleng ofgehalen viru gutt 45 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht.

D’CAD-Presidentin Josée Lorsché huet d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. Déi gutt Zesummenaarbecht an Atmosphär am Veräin goufe speziell vun der Presidentin ernimmt, an si huet all den CAD Memberen fir hier Kontributioun uechter d’Joër Merci gesot. Verschidden Aktivitéits- a Keeseberichter goufen vum Marie-France Saeul, Olivier Boussong, Claude Schaeffer a Jean Lorang virgedroen.

De Sportschäffen Loris Spina huet dono e puer encouragéiernd Wieder un den CAD geriicht, a speziell déi gutt Jugendaarbecht ernimmt. Dono huet en e puer Informatiounen iwwert de Projet Indoorhal ginn: viru kuerzem gouf et e Progrès ze verzeechnen, mä et ass ze fréi fir e konkrete Planning ze nennen.

D’Gemengeverwaltung war weider duerch de René Manderscheid, Schäffen, a Monique Heinen, Gemengerotsmember, vertrueden. Den Dany Krier huet den CA Bieles representéiert. D’Vertrieder vun der FLA a vun der FLTri waren entschëllegt.

D’Generalversammlung gouf ofgeschloss mat der traditioneller an iwwert de Veräin eraus bekannter Spaghetti.