Regio Meeting 3: De leschten Test virum Jugend Championnat
2023 ass ugaangen, wéi 2022 opgehalen huet : Mat Meetinger an der Coque.
De 7. Januar stoung de Regio Meeting 3 um Programm – de leschten Test virum Jugendchampionnat de Weekend drop.
Sprong
D’Mia Bourscheid (1m63) an d’Lena Do Carmo (1m50) hunn hir Form am Héichsprong getest. D’Lena Do Carmo (4m67) an d’Carla Bellucci (4m64) hunn sech am Wäitsprong gutt gebattelt. Den Thierry Kalmes ass 4m82, d’Claire Klein Schlentz 3m97, d’Elodie Bissen 3m15 an d’Selma Wallenborn 3m12 gesprongen.
Laf
D’Carla Bellucci (8,57 Sek), de Matteo Bellucci (7,51 Sek) an den Hugo Terver (7,3 Sek) sinn d’60m séier gesprint. D’Claire Klein Schlentz ass d’400m a 67,17 Sekonne gelaf an de Matteo Belluci déi selwecht Distanz a neier Beschtleeschtung vu 50,55 Sekonnen.
De Jean-Claude Wallenborn ass d’400m an 73,12 Sekonne gelaf an d’1500m a 5:51.59 Minutten. Op der 600m waren de Mex Krecké (1:43,10 Minutten) an de Bastien Klein Schlentz (1:54,19 Minutten) fir den CAD um Start. De Luca Costantini ass den Tour vun der Piste a 24,09 Sekonne gelaf. Weider Starter op där Disziplin waren de Mex Krecké (27,51 Sek), den Dan Hulten (29,67 Sek), d’Lejla Ceman (29,77 Sek), d’Selma Wallenborn (30,88 Sek), d’Lény Villain (31,04 Sekonnen), d’Léonie Sybert (34,06 Sek) an d’Rita Miaranda Cepa (36,15 Sek).
Worf
Nom Marc Meyer bei Regio Meeting 2 gouf et weidere Comeback an der Kugel mam Fernand Heintz (10m86). Den Olivier Caron huet d’Kugelstousse mat 14m31 gewonnen. De Fränz Muller huet se ob 11m11 gestouss, d’Lena Koch op 8m42 an d’Lény Villain op 6m04.