E Vize-Landesmeeschtertitel fir de Pol
Um Programm vun dësem Sonnde stoung de Cross Championnat zu Bieles um Gaalgebierg. Eng Partie CAD Athleten a verschiddenen Alterskategorien hunn sech eng leschte Kéier dës Saison duerch de Bulli gewot. Zwee Athleten sinn dobäi erausgestach.
Bei de Jongen de Pol Stoffel (Cadet), deen seng Course a 14:20 Minutten ofgeschloss huet an sech domat zum Vize-Landesmeeschter gekréint huet. Bei de Meedercher d’Liah Melanda (Scolaires), dat an 8:03 Minutten als Véiert an d’Zil koum.
Den CAD zeechent sech awer net just duerch seng Top Athleten aus, mee och doduerch, dass mir zu vill an der Equipe un de Start ginn. Bei de Fraen ass domat am Gesamtklassement eng Véierte Plaz vun 12 Equippen erausgespronge mat 376 Punkten. D’Männer klasséieren sech als Sechst vun 12 Equippe mat 334 Punkten.
Felicitatioun un all eis Cross Leefer.