CAD Generalversammlung 2022

D’Generalversammlung 2022 vum CA Diddeleng gouf de Samschdeg 25. Mäerz 2023 am Centre Hild zu Diddeleng ofgehalen virun ongeféier 75 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht.

Et war dëss Joër eng ganz speziell Editioun, déi éischt säit iwwert 50 Joer ouni de Jean Lorang. Am Ufank huet d’CAD Presidentin Josée Lorsché un de Jang, u seng Verdéngschter an u säin exemplarescht Engagement erënnert. No der Usprooch goufen e puer flott Biller vum Jang gewisen, vu ganz fréier aus de 60er Joren bis den Oktober 2022, wou de Jang nach um Haard Trail aktiv matgehollef hat.

Dono huet d’Josée Lorsché d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. Déi gutt Zesummenaarbecht a frëndschaftlech Atmosphär am Veräin goufe speziell ernimmt, an si huet all den CAD Memberen fir hier Kontributioun uechter d’Joër Merci gesot, an den Athleten fir hier gutt Resultater felicitéiert. Verschidden Aktivitéits- a Keeseberichter goufen vum Marie-France Saeul, Olivier Boussong, Claude Schaeffer an Tom Michels virgedroen.

De Sportschäffen Loris Spina huet fir säin Deel och déi gutt Ambiance am Veräin gelueft, an huet och un de Jang geduecht. Och déi gutt Jugendaarbecht am Veräin gouf ernimmt. Ganz gespaant war d’Audienz op Neiegkeeten zu der Indoorhal. De Loris Spina huet erklärt datt den Dossier weidergoung, e gouf viru kuerzem komplett iwwerschafft, a soll no der Ouschtervakanz duerch de Gemengerot goen.

Ganz opmonternd Wieder koumen och vum Fabio Secci, deen d’FLA vertrueden huet. Och hei gouf déi exzellent Zesummenaarbecht tëscht CAD an FLA ernimmt, an den CAD ass bekannt fir mat villen Benevolen d’Organisatiounen z’ënnerstëtzen.

D’Gemengeverwaltung war weider duerch de René Manderscheid, Schäffen, an duerch d’Semiray Ahmedova, Gemengerotsmember, vertrueden.

D’Generalversammlung gouf ofgeschloss mat der traditioneller an iwwert de Veräin eraus bekannter Spaghetti.