D’Pirate ginn op Titelverdeedegung

De Freiden 26. Juni ab 18h mëscht den CAD erëm beim Fluch der Karibik mat – e Battle tëscht ënnerschiddleche Veräiner vun Diddeleng, bei deem mir als Titelverdeedeger an d’Renne ginn. Dëst Joer si 6 Veräiner ugemellt : CAD – Judo – HBD – T71 – DTD – DKS.

Bei eise Männer sinn 2/3 Piraten (de Wes an de Roy) erëm um Start. Si gi vun eisem Joker dem Yannick ënnerstëtzt. Eis Fraen trieden an enger ganz neier Konstellatioun op, well eis éischt Ancienne Piratin dréit grad e Nowuess-Pirat aus, déi zweet ass déi spuenesch Sonn eroberen. Déi drëtt ass bei der leschter Missioun (dem Interclub) geschwächt ginn a fält verletzungsbedéngt aus. D’Daphnée, d’Caroline an d’Nadine sinn top motivéiert fir an hir Schong ze trieden a Pirateblutt ze lecken.

Déi 6 an hire Kapitän de Fabio sinn top motivéiert fir den Titel als beschte Veräin vun Diddeleng och dëst Joer mat op de Kennedys Terrain ze bréngen. Dofir brauchen si Är Ënnerstëtzung, also kommt si zuelräich ufeieren.

 

 

Hei den Horaire :

               16:30-17:30 Briefing Visualisatioun vun de Spiller 
               18:00           Presentatioun vun den Equippen
               18:15           Let the Battle begin
                                   1t Spill  “Barrel”
                                   2t Spill “Chest Contents”
                                   3t Spill “Escape from Balleckelecke“
                                   4t Spill “Seabattle Flying Dutchmann vs Black Pearl”
                                   5t Spill “Surprise” … Captain’s Call
                                   6t Spill  “FINAL ESCAPE”