E neie Klubrekord an d’Werfer on fire
D’Summersaison ass elo esou richteg un an eis Athlete strengen sech un fir nei Beschtleeschtungen ze lafen, ze werfen an ze sprangen.
Dem Mex Krecké ass den 21 Mee um Challenge Tageblatt 3 mat 10m70 am Dräisprong net nëmmen eng nei Bescht, mee souguer e neie Klubrekord gelongen. Domat brécht hien den ale Rekord aus dem Joer 2001. Felicitatiounen dofir! Och d’Lena Koch konnt sech am Diskus steigeren, säin neie Rekord sinn 27m70.
Eis Werfer si grad generell lancéiert. Op eisem Hummermeeting den 25.5 zu Zoufftgen huet d’Isabeau Pleimling SB mat 51m53 geheit a kennt sengem eegene Landesrekord ëmmer méi no. Och de Gilles Lorang presentéiert sech staark mat 46m25. D’Nadine Kremer huet seng Beschtleeschtung pulveriséiert an 48m04 geheit. Eng Leeschtung, déi hat zu Mutterstadt (47m66) an zu Sedan (48m03) direkt nach e puer Mol bestätegt huet. Och d’Annette Kohl huet zu Zoufftgen matgehäit a mam 4kg iwwer 20m geheit. Zu Mutterstadt konnt hat dunn mam 3kg werfen, sengem eigentleche Gewiicht, a mat bal 30m (29m65) eng nei Beschtleeschtung werfen.