Do ass se déi laang erwaarte Norm fir d’Jeux de la Francophonie

Nodeems d’Isabeau Pleimling d’Norm fir d’Jeux de la Francophonie schonn eng Zäitchen an der Täsch huet, zitt d’Nadine Kremer elo no.
Um Werfermeeting zu Zoufftgen geheit hat a sengem zweetleschten Essai 49m62 an huet d’Norm (49m) domat an der Täsch.

D’Isabeau weist sech mat 50m60 prett fir d’Team Europameeschterschaft, wou hat de Sonnden hiflitt. D’Annette Kohl, ëmmer presente fir seng Hummerkollegen ze ënnerstëtzen, geheit 25m80.

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun de Jeux de la Francophonie, dass sech lëtzebuergesch Hummerwerferinne qualifizéiert hunn, an se sinn allen zwou vum CAD. Gléckwonsch den zwou Athletinnen an hirem Trainer dem Charel de Ridder. Den CAD ass houfreg op iech a wënscht bonne Chance am Kongo Enn Juli.