E starke Juli fir eis Athleten

Eis Athlete beweisen och nom Championnat nach hir gutt Form.
Eng Partie Jonker waren den 15.7 um Challenge Tageblatt 6 am Josy Barthel um Start. Hei fannt dir d’Resultater.

De Matteo Bellucci huet um Sprint Meeting zu Schëffleng den 19.7 d’400m Course an 51,28 Sekonne gewonnen. D’Leonie Bressler gouf a senger 400m Course an 62,19 dat gutt 4t. Haut ass hat, och zu Schëffleng, um Meeting international gestart an seng 800m an 2:31,76 gelaf.

Grouss Enttäuschung da fir d’Isabeau Pleimling an d’Nadine Kremer. Si sollten eigentlech Lëtzebuerg op de Jeux de la Francophonie (28.7 – 6.8) vertrieden, mee déi lëtzebuergesch Delegatioun huet entscheet aus Secherheetsgrenn net an de Kongo ze fléien. Alternativ sinn si op Bondoufle op den Open de France (22-23.7) gefuer, Eng Competitioun fir déi sech béid Athletinnen duerch hir gutt Saison qualifizéiert haten. An der Qualifikatioun huet d’Nadine 46m43 geheit an d’Isabeau 50m09. Domat ass d’Isabeau an d’Finale vun de beschten 12 agezunn, wou hat den Dag drop 49m34 geheit huet.

© Harry Daemen, Henri Weyer