105. National Cross-Country Meeschterschaften
105. National Cross-Country Meeschterschaften
Informatiounen zur Kompetitioun
Datum: Sonndes, 13. Mäerz 2022
Start: 11:30
Uert: Parc Le’h, Diddeleng
Vestiairen: John F. Kennedy Stadium, Diddeleng
Sekretariat: “Waldschoul” am Parc Le’h, Diddeleng
Covid (neit Covid Gesetz säit 12/03/2022):
D’national Cross-Country Meeschterschaften ginn ënnert dem Covidcheck 3G ausgedroen.
Sportler, Jugen, Trainer, Offizieller an Zuschauer, déi méi al wéi 12 Joer an 2 Méint sinn, mussen entweder :
– en Impfzertifikat mat engem QR-Code
– e Genesungszertifikat mat engem QR-Code
– en Zertifikat iwwert e Negativtest (PCR oder Antigen-Schnelltest)
virweise kënnen. Et kritt keen Zougang, wann den Covidcheck net erfollegräich ass. Op der Plaz gi keng Schnelltester duerchgefouert. Mäer maachen also en Appell un d’Veräiner fir d’Athleten, falls noutwenneg, fréistens 24 Stonnen virun der Course en zertifiéierten Antigen-Schnelltest duerchzeféieren. An der Entrée gëtt eng Identifikatioun gefrot.
Well et nëmmen eng Entrée op de Site gëtt, ass eventuell mat Delaien am Zougank ze rechnen, a mäer recommandéieren fir genuch Zäit mat anzeplangen.
Fir d’Sportler, d’Betreier an d’Zuschauer steet e Catering zur Verfügung.
Umeldungen: Nëmmen iwwert de Veräin.
Kucht Iech hei den Seltec Online Portal un.
Parcours an Zäitplang: Hei kënnt Der en entspriechend PDF Dokument eroflueden.
Coursen
11:30 | Débutantes (U12) | 1337 m | 1 laang Ronn |
11:40 | Débutants (U12) | 1337 m | 1 laang Ronn |
11:50 | Ludiques Meedercher (U8) | 726 m | 1 kuerz Ronn |
12:00 | Ludiques Jongen (U8) | 726 m | 1 kuerz Ronn |
12:10 | Minimes weibl. (U16) | 2514 m | 1 kuerz an 2 mëttel Ronnen |
12:30 | Minimes männl. (U16) | 2742 m | 3 mëttel Ronnen |
12:50 | Cadettes (U18) | 2742 m | 3 mëttel Ronnen |
13:10 | Cadets (U18) | 4557 m | 1 kuerz an 1 laang Ronn |
13:30 | Scolaires weibl.(U14) | 1848 m | 2 mëttel Ronnen |
13:40 | Scolaires männl. (U14) | 1848 m | 2 mëttel Ronnen |
13:50 | Benjamines (U10) | 726 m | 1 kuerz Ronn |
14:00 | Benjamins (U10) | 726 m | 1 kuerz Ronn |
14:10 | Juniors weibl. (U20) Espoirs weibl. (U23) | 4557 m | 1 kuerz an 3 laang Ronnen |
14:35 | Juniors männl. (U20) Espoirs männl. (U23) | 6445 m 7722 m | 5 laang Ronnen 6 laang Ronnen |
15:10 | Seniors Dammen | 5834 m | 1 kuerz a 4 laang Ronnen |
15:40 | Seniors Hären | 10787 m | 2 mëttel a 7 laang Ronnen |