Abrëll – Réckbléck

Enn Abrëll ass d’Outdoor Saison fir eis Athleten ugaangen an et geet Schlag op Schlag mat de Meetingen, ugefaange mam Challenge Tageblatt den 22.4 zu Schëffleng. Hei eis Top5 Plazéierungen:
75m, Scolaires fém : 5. Laura Zeimet (11,27 Sekonnen)
75m, Scolaires masc : 4. Julien Schmit (11,25 Sekonnen)
Héichsprong, Débutants masc : 3. Adam Maamri (1m05)
Wäitsprong, Débutants fém : 3. Caroline Kyra Sandt (3m89)
Kugel, Scolaires masc : 4. Julien Schmit (5m89) a 5. Gabriel Vegas-Bacci (5m86)
1000m, Débutants masc : 5. Adam Maamri (3:44,81 Minutten)
3x1000m, Scolaires masc : 3. CAD1 – Lou Folscheid, Gabriel De Menezes Carvalho, Paul Mulrennan (10:29,13 Minutten)

Den Dag drop waren dunn eis Werfer zu Zoufftgen op eisem Meeting des Lancers am Asaz. D’Annette Kohl fänkt seng Hummer Saison hei mat 25m35 un an de Gilles Lorang mat 45m36. D’Annette huet och 10m76 am Gewiicht geheit.

D’Isabeau Pleimling an d’Nadine Kremer hunn iwwer den Abrëll d’Meetingen enchaineiert. Fir d’Nadine ass dobäi eng nei Beschtleeschtung vun 46m34 erausgesprongen. D’Isabeau knackt mat 49m36 zu Zoufftgen d’Norm fir d’Jeux de la Francophonie, déi am Juli/August am Kongo sinn.

Fir den Ofschloss waren den 29.4 d’Interclubs Jeunes zu Diddeleng um Kennedys Terrain. Eis béid Equippen hunn super gutt zesumme gehalen an sech zesummen zwou wuelverdéngte Podiumsplazen erkämpft.
D’Jonge sinn déi zweet gi mat 18.440 Punkten, hannert dem CSL a virum CELTIC.
D’Meedercher kommen op en Total vun 13.896 Punkten. Op si domat 1. oder 2. ginn, steet nach net fest. Effektiv gouf géint eng Staffel vum CELTIC, déi aktuell d’Nues fir hätten, e Protest ageluecht. D’Endresultat bei de Meedercher steet eréischt fest, wann dëse Protest vun der zoustänneger Kommissioun diskutéiert gouf.
Am Total vum ganzen Dag kennt de CAD op déi 1t Plaz vun all de Veräiner – de Nowuess kann sech weisen !

Alles an allem blécke mir op en erfollegräiche Mount zeréck. Mir soen all eisen Athlete Merci fir hiren Asaz, grad beim Interclub Jeunes, a freeën eis schonn dorop wat d’Saison nach bréngt.

© Henri Weyer, Dany Wallenborn