Den CAD dominéiert d’Worfdisziplinnen um Championnat

Eng Woch no der Jugend war et un den Espoirs a Seniors fir sech um Championnat ze beweisen. Och e puer vun eise méi Jonken Athlete waren den 8 a 9 Juli am Asaz an hunn sech géint déi Grouss gemooss. Eis Athlete bréngen net manner wéi 26 Medaile mat op Diddeleng, iwwer d’Hallschent (16) dovun am Werfen, woumat de CAD weiderhin d’Worfdisziplinnen dominéiert. Ënnerstrach huet dat zB den Diskusworf bei de Fraen, wou mir all d’Medailen ofgeraumt hunn.
Felicitatioun u jiddereen!

1. Plaz
Lilly Gerhard (Kugel, Championne de la Fédération)
Noémie Pleimling (Diskus, Speer)
Olivier Boussong (100m)
Isabeau Pleimling (Hummer)

 

 

 

 

2. Plaz 
Jennifer Chaussy (3000m Steeple)
Oli Boussong (200m)
Nadine Kremer (Kugel, Diskus, Hummer)
Michael Auer, Luca Costantini, Matteo Bellucci, Oli Boussong (4x100m)
Matteo Bellucci (800m, Espoir)
Lilly Gerhard (Speer, Vice-championne de la Fédération)
Lena Do Carmo (Héichsprong)
Gilles Lorang (Hummer)
Melvin Spoden (Speer)

3. Plaz
Matteo Bellucci (400m)
Olivier Caron (Kugel, Diskus, 3ten vun de la Fédération)
Tom Habscheid (Kugel, Diskus)
Michael Auer (Héichsprong)
Lena Koch (Diskus)
Max Wagner (Speer)
Caroline Kutten (Speer)
Luca Costantini, Olivier Boussong, Dylan Meyers, Matteo Bellucci (4x400m)

© Harry Daemen