Den Tommy ass Europameeschter!

 

Groussen Exploit zu Pescara : no senger 4ter Plaz d’lescht Joer ass den Tommy dëst Joer wuertwiertlech bis op déi iewescht Träppche bei der Masters Europameeschterschaft zu Pescara gesprongen. Domat huet den CAD en Europameeschter am Veräin. Wat en Exploit fir hien a wat e Virbild fir seng Athleten déi hien trainéiert!
Donieft waren och eis zwee Masters Werfer zu Pescara vertrueden:
Gilles Lorang: Hummerwerfen (5.)
Annette Kohl: Speer (13.), Diskus (16.), Hummer (19.)

Gléckwonsch iech all fir déi super Leeschtungen an e grousse Bravo un de Supporterclub, déi eis Athleten ënnerstëtzt hunn.