D’Piratemissioun ass gelongen
De Wes, de Yannick, de Roy, d’Daphnée, d’Caroline, d’Nadine an hire Kapitän de Fabio ware leschte Weekend op Missioun Titelverdeedegung um Interclub vun den Diddelenger Veräiner. Ënnerstëtzt goufen si duerch den CAD Fanclub, deen zuelräich sur place war.
Och dëst Joer war d’Competitioun eng Mëschung tëscht Vitesse- a Geschécklechkeetsspiller an a ronderëm d’Waasser. No 5 Spiller war eis Equipe un der Tabellespëtzt an huet sech domat fir d’Finall qualifizéiert. Dës war, wéi och schonn d’Joer virdrun, géint de Klenge Stemmveräin.
An engem haart erkämpfte Spill, bei deem d’Féierung e puer Mol gewiesselt huet, hunn déi zwou Equippen duerno ex-aequo gewonnen.
Merci der Gemeng Diddeleng fir d’Organisatioun an den anere Clibb fir déi flott Competitioun. An dem Stemmveräin soe mir just : Bis d’nächst Joer 🙂