D’Summerpaus ass eriwwer
Fir eis Laangstreckeleefer ass d’Summerpaus direkt mat engem wichtegen Datum gestart: d’Route du Vin zu Réimech, déi gläichzäiteg d’nationaalt Championnat am Semimarathon war. Eis Leefer waren net nëmmen dobäi, d’Fraen- an d’Männerequipe stoungen um Enn och um Podium.
Hei sinn hir Resultater.

De selwechte Weekend war d’Nadine mat sengem Metzer Veräin zu Yutz fir sech fir d’Finale vun der Coupe de France ze qualifizéieren. Dofir ginn d’Leeschtunge vun de 4 Equipenmemberen zesummegerechent an et muss een ënner den Top 6 Equippen a Frankräich landen. Fir d’Nadine a seng Co-Equipièren ass dat mat enger 2ter Plaz mission accomplie. Rdv den 11.10 zu Blois fir d’Finale.