E puer Tier duerch de Bulli an am Hummerkrees w.e.g.
Am Oktober start, säit se lescht Joer no fir geréckelt gouf, d’Cross Saison fir eis Laangstreckeleefer.
Mat Rodange, Bieles an eisem Cross, waren der elo dräi an et sinn all Kéiers e puer Podiumen fir den CAD erausgesprongen. Hei fannt dir eng kleng Billergalerie.
Weider esou !
Deenen engen hiren Ufank, ass deenen aneren hiren Ofschloss. D’Nadine war mat sengem Metzer Veräin ob de Coupe de France, wou d’Equipe eng zolidd Leeschtung bruecht huet, déi et hinnen erméiglecht huet ob déi zweet Marche vum nationale Podium ze klammen.
Ofgeschloss huet hat seng Saison dann dëse Weekend zu Zéisseng beim Season closing.